VLB Suche

Suche in den Daten des Verzeichnisses lieferbarer Bücher (VLB)

Drucken

Suchergebnisse

Produktdetails

LTZBG

Autor
Samuel Hamen

LTZBG

Untertitel
Dräi eestëmmeg Geschichten
Beschreibung

De Samuel Hamen portraitéiert ënnert der Form vu Monologen dräi Mënschen, déi aus hirem monotonen Alldag zu Lëtzebuerg ausbriechen: E jonken Elterendeel verstoppt sech mat Porte-Bëbee an engem Hollerecher Virgäertchen a léiert den Terror vum Stater Lifestyle kennen. E Pensionaire spiert, wéi en aus der Zäit fält a stiermt mam Courage vun engem Verzweifelten eng Industriezon. Eng jonk Entreprenesch stécht wéinst engem Schluet an hirem Foodtruck fest a gesäit am Kniddelwaasserdamp d’Wourecht sou kloer wéi ni. D’Eskalatioun kann eis iwwerall erreechen, an dann ass d’Zäit komm, sech Froen ze stellen, – iwwer dat eegent Land, dat een net versteet, iwwer dat eegent Liewen, dat een nach vill manner versteet. Dräi Monologen, dräi Stëmmen, dräi Blécker op d’Gesellschaft – eng Diagnos: datt et zu Lëtzebuerg méi ze verléiere wéi ze gewanne gëtt.

Verlag
Éditions Guy Binsfeld
ISBN/EAN
978-2-919822-24-9
Preis
20,00 EUR
Status
lieferbar